Kategorie B (Auto)
Demande d'obtention d'un permis
Ënnerlagen, déi fir d’Umelle gebraucht ginn:
Mindestalter 17 1/2 Joer
- En Attest vum Dokter: net méi al wéi 3 Méint
- 1 Passfoto: en aktuellt Passbild (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm
- Fotokopie vun denger Identitéitskaart
- Ënnerschrëft vun denger Demande vun engem Elterendeel + Fotokopie vu senger Identitéitskaart, falls de nach net groussjäreg bass
- En Extrait aus dem Casier aus dem Land wou s de kënns, wann s de manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg liefs
De Minimum un theoretesche Stonnen:
12 Stonnen
(6 Stonnen, falls de e Führerschäin vun enger anerer Klass hues)
De Minimum u praktesche Stonnen:
16 Stonnen
De Führerschäin vun der Klass B erlaabt et der, mat folgende Gefierer ze fueren:
- en Auto mat bis zu 9 Sëtzplazen (mam Chauffeur dobäigerechent) woubäi seng Gesamtmass net méi héich dierf sinn ewéi 3500 kg
- e Liwwerwon (Camionnette)
- en Trakter
- e Mofa bis zu 50ccm
- e Quad
- en Unhänger bis zu 750kg maximal zougeloossenem Gesamtgewiicht
Den eigentlech Führerschäin:
Soubal déi praktesch Prüfung gepackt ass, gëtt e provisoresche Führerschäin fir d’Stagezäit vu 24 Méint ausgestallt.
Fréistens 3 Méint no dësem provisoresche Führerschäin muss de Besëtzer un engem praktesche Fuertraining deel huelen zu Colmer-Bierg am “Centre de formation pour conducteurs”.
No der Stagezäit an dem Fuertraining am “Centre de formation pour conducteurs” gëtt dann deen definitive Führerschäin ausgestallt.